The English Department

 

Arnaudies Vince, Deweweire Ingrid, Fohl Danielle, Gangler Kelly, Huijben Ankie, Lommel Valentine, Luong Jessica, Muller Fabienne, Schaack Laurence, Schintgen Françoise, Sebastião João, Simon Daniel, Wagener Romain,  Weidert Sandra, Weidert Sonja, Weydert Carole

English Department News:

Postcards to Wisconsin USA

No laanger Covid-19 Paus, konnten eis 3GPS1 Schüler endlech op Postkaarten aus Wisconsin USA äntweren.

Dëst war net nëmmen eng flott Geleeënheet fir hier Englesch Sprooch ze üben, mee den Austausch huet och nach eng enorm wichteg interkulturell Bedeitung.
Am spéiden 19. Joerhonnert sinn vill Lëtzebuerger Baueren emigréiert fir en neit Liewen an deenen verschidden ‘counties’ an Wisconsin USA ze starten. Deemno huet sech en Deel vun der Lëtzebuerger Kultur an dësem Deel vun Amerika verankert, sou datt haut souguer d’Sprooch op verschiddenen Plazen geschwat gëtt.

Fir des Wuerzelen opzefrëschen huet „Luxembourg American Cultural Society“ aus den USA d’Initiative ergraff an dem Frank Schuler d’Iddi proposéiert. Postkaarten koumen aus der Cedar Grove High School Wisconcin an sinn dunn bei der 3GSP1 zesummen mat der Madamm Laurence Schaack gelies a beäntwert ginn. Eis Postkaarten sinn well um Wee zréck an Amerika.

Hoffentlech geléngt et eis dësen Austausch oprecht ze erhalen a weider auszebauen !

English department news: English drama group

ENGLISH DRAMA OPTIOUN- PERFORMANCE 08.07.2019
Den 08. Juli, um Schoulfest vum LTEtt, hunn eis ‘budding actors’ vun der English Drama Optioun déi éischten Kéier hiert Stéck ‘Shoppers’ virgedroe! Iwwert Méint hunn si sech all Freides an der Mëttegstonn getraff, an mat Hëllef vun der Mme Deweweire, Mme Luong an Mme Schaack en flott englescht Theaterstéck ëmgesat.
Den Applaus huet hier haart Aarbecht belount, an d’Nofro no enger extra drëtter Performance Ronn huet bestätegt datt den Engleschen Theater och d’nächst Joer nach weidergeet! (PS: Schauspiller an aner Theater begeeschtert Käpp sinn wëllkomm am September matzemaachen!)

 

 

The English department in Dublin

Vum 14.-21. Juli hunn am Kader vum Erasmus + Projet ‘There’s an app for that’ siwe Leit aus dem Englesch Departement un enger 30-Stonne Formatioun zu Dublin deelgeholl. Et stounge virun allem den Asaz vun Tablets an de Gebrauch vun neien Technologien am Virdergrond vun dëser Formatioun continue. De kulturelle Programm war och net manner interessant: hei stoungen ‘Riverdance’, den ‘Giant’s Causeway’, eng Visitt vun Dublin a Belfast um Programm. Insgesamt war dës Rees eng immens Beräicherung fir eist Englesch Departement.

 

English Drama Optioun- Performance 16.12.2019

 

Firwat huet den Diogo en Luuchteschierm op sengem Kapp? Genau déi Fro hunn déi aacht Schauspiller aus der English Drama Optioun probéiert an hirem neien Stéck ‚Lampshade‘ ze beäntweren, dat den 16. Dezember um Wantermaart virgestallt gouf.
Zënter Oktober, hunn sech eis Schauspiller all Freides an der Mëttesstonn mat der Mme Deweweire, Mme Luong an Mme Schaack getraff fir d’Stéck ze prouwen. Den Effort huet sech schlussendlech och gelount, an virun engem gutt gefëllten Sall hunn den Diogo, d’Mia, d’Elena, d’Stéphanie, den Diego, d’Jessica-Joy, den José an d’Julie-Ann hiert Stéck virgedroe. D’Fro vum ‚lampshade‘ gouf allerdéngs net beäntwert…

 

All Schauspiller an aner Theater begeeschtert Käpp sinn wëllkomm am Januar matzemaachen. Eist nächst Stéck gëtt um Summerfest virgedroen!