Comment are off
Dëschtennis 2020/2021
Eis sanitär Mesuren:
Lëften / Maskeflicht am Vestiaire, um Wee an den S2 a bei den Erklärungen, respektiv iwwerall do, wou de Schüler wärend der Sportsektioun ass / Bei max. 8 Leit kënnen d’Dëscher den offizielle Mesuren no espacéiert ginn / Desinfektioun vum Material: Racketten, Bäll an d’Dëschuewerfläche ginn no der Sportsektioun mat Spray desinfizéiert, d’Schüler mussen sech virun an no der Sportsektioun d’Hänn mat Gel desinfizéieren.
Wien ka matmaachen? | All Schüler a Schülerin, ouni Altersgrenz |
Verantwortlech Persoun/en
|
Cédric Hoffmann
cedric.hoffmann@education.lu |
Kuerzbeschreiwung vum Projet | Sportsektioun Dëschtennis |
Zil vum Projet | – Verbesserung vun der Technik
– Spillen a Spaass hunn – Punkte sammele fir d’Klassement vum Sportsausfluch |
Unzuel vu Schüler (min/max) | min 1/max 8 |
Wou sinn d’Treffen? | Sportshal, Kellersall S2 |
Wéini sinn d’Treffen ? | Mëttwochs, 11:40-12:25 |
Lafzäit vum Projet | Ab dem 23. September 2020 all Mëttwochs vun 11:40-12:25 während dem ganze Schouljoer 2020-2021 |
Umeldung bis ?
|
Keng Umeldung néideg, einfach dohinner kommen (Sportgezai a propper Sportschong matbréngen) |